Jugendkouer Beggener Karmeschen

Chorale enfantine


Comité

Raymond MullerPrésident
Barbara Kaufmann-FransenVice-présidente
Julianne Christnach-JungblutVice-présidente
Marie-France AndrianneSecrétaire
Agnès AlixTrésorière
Emile Pundel
José Lanners-Reichel
Laurence Grainson
Haut de la page

Dirigeants

2015 -Christine Nehrenhausen
2006 – 2015Jeannine Mohr-Koenig
2005 – 2006Daniel Lieser
2001 – 2004Josiane Wegfahrt-Theissen
2000 – 2001Norma Putz
1998 – 2000Albena Petrovic
1989 – 1998 Edith Wollter
1986 – 1989Marie-Reine Nimax–Weyrich
1985Alex Wagener
1978 – 1985 Roger Wallers
1976 – 1978Charles Malané
1974 – 1975Alice Ross
1973 – 1974Rino Azzolin
1967 – 1972René Hornick
1956 – 1966Jos Wallers ( Fondateur )
Haut de la page

Présidents

1985 –Raymond Muller
1978 – 1985Madame Irma Koenig- Walin
1976 – 1978Madame Federspiel
1975 – 1976Madame Simone Hamilius
1956 – 1975Julien Mercsh
Haut de la page

Historique

Et huet ugefaangen zu Dummeldeng deemols ënnert dem Numm "Les enfants de l’usine" an de Fondateur war de Schoulmeeschter Jos Wallers. An de 50 ier Joren gouf den Här Walers versaat op Beggen an och hei huet den Här Wallers e Kannerkouer gegrënnt. Hei waren et d’Chorale scolaire Beggen. A fir et genau ze soen et war de 27. September 1967, dunn ass den Här Wallers a séng wuelverdengten Pensioun gaangen an et sollt keen méi mam Kouer weider fueren. Den Henri Schumacher Sekretär Général vun der UGDA, huet demols mat e puer Elteren vun de Kanner aus der Chorale Kontakt geholl a si iwwerzeecht fir weider ze maachen.

Den Här Henri Schumacher hat fir d’Kontinuitéit och schon en Dirigent présentéiert an dat war de landbekannten Kannerfrënd René Hornick.

Den Här Hornick hat schon e Kannerkouer an hien huet séng éischt Prouf zu Beggen gehaalen . Mat vill Begeeschterung haat hien och vill interesséiert Sängerinnen a Sänger an et hu sech och eng etlech Erwuessener zesummen font fir an de Komité . Den éischte Präsident war de Här Julien Mersch Juge um Tribunal Lëtzebuerg a wunnhaft zu Beggen. Et guefen direkt Neel mat Käpp gemaach an de Kouer huet och direkt sain Numm "Beggener Karmeschen" kritt.

Senn an Zweck:

Majo haaptsächlech fir de Kanner weider eng Fräizäitgestaltung an eng musikalisch Ausbildung ze erméiglechen.

De Kouer war vun Ufank un an der UGDA an an der USCVL ageschriwwen.

De Kouer huet Concerten gesongen an ob der Journée des jeunes, organiséiert vun der UGDA deelgeholl an all Joer Krëschtdaag e Krëschtconcert op der Place d’Armes, d’Oktavkannermass asw.

Mat dem Subsid vun der Gemeng e puer Memberkaarten an engem Kannerbal hu mir versicht den Dirigent ze bezuelen.

Et ass e bes chen Noutematerial ugeschaaft ginn, e klenge mobilen Harmonium ass kaaft ginn, an esou si mir vu Joer zu Joer eisen Generalversammlungen entgéint gaangen. Mir zwéin, den Här Muller an ech hunn elo seit 50 Joer all héichten an déiften matgemaach déi esou e Verain an engem Viruert ( Faubourg )vun enger Stad huet. Bal nemmen méi 4 oder 5 Kanner, bal erem ken Dirigent asw.

Elo de Moment sinn d’Beggener Karmeschen mat hirer Dirigentin, enger fréierer aktiver Sängerin, a Mamm vun selwer aktiwen Kanner, « der Madame Jeannine Mohr-Koenig « ganz flott drun. Mir hun de Moment eng aktiv Sängerschaar vun 28-30 Kanner, déi all Freides vun fennef bis siwen Auer bei eis zu Beggen am Proufsall ob 2, rue de Rochefort mat ganz vill Disziplin an Gescheck hir Prouf hunn.

Mir hunn ganz schéin Uniformen mat eisem Emblème e Spatz ob dem T-chirt an esou gi mir stolz hannert eisem 1986 ugeschaafte Fuendel.

Wann elo een sech ugesprach fillt, dann kann an daerf hien roueg an eis Prouf era schnupperen kommen.

Avis aux amateurs

n.b. Museksdag

Oktavmass

Fakelzug

Emile Pundel

Haut de la page